Wéi fonctionnéiert et?

Entdeckt déi verschidde Funktioune vun den Emoxien.

  • ENTDECKT ALL D'EMOXIEN

    D’EMOXIË sinn an Themegruppen agedeelt, déi e puer vun deene wichtegste Piliere vum Land behandelen: Expressiounen, Emotiounen, Industrie, Kultur, Tourismus, Gastronomie, Sport, Transport an Déieren.

    Hutt Dir aner Proposë fir en EMOXIE? Da schéckt eis se eran!

  • EMOXIË BENOTZEN AN DEELEN

    Emoxië si ganz einfach an Ärer deeglecher Kommunikatioun ze benotzen. Dir kënnt se entweder an der App eroflueden, fir se an Ären Chat-Appen ze benotzen, oder Dir deelt d’Emoxien iwwert den Internetsite an de soziale Medien.

  • EN EMOXIE AREECHEN

    Déi éischt EMOXIEN ëmfaassen eng large Gamme u Standardthemen, déi fir Lëtzebuerg repräsentativ sinn. Trotzdeem wëlle mir net dobäi bleiwen, well mir der Meenung sinn, datt d’Lëscht vun den EMOXIEN nach net vollstänneg ass.

    Zéckt also net, falls Dir e Virschlag fir en EMOXIE hutt, deen an Ären Aen esouwuel relevant, wéi och repräsentativ fir Lëtzebuerg ass. Jidderee kann nämlech mat Hëllef vun engem Formulaire an dëser App, e Konzept an en Entworf fir weider EMOXIEN areechen. De Virschlag gëtt da spéider vum Inspiring Luxembourg Comité évaluéiert. Wann de Comité Ären Entworf sollt zréckbehalen, musst Dir Iech allerdéngs bewosst sinn, datt eventuell graphesch Ännerungen un Ärem Entworf kënne virgeholl ginn, fir eng besser visuell Kohärenz mat deenen aneren EMOXIEN ze garantéieren.

  • BRAUCHT DIR HËLLEF?

    Triede Problemer beim Eroflueden oder Verschécke vun den EMOXIEN op, oder bei soss eppes Anerem, dann zéckt net, a mellt Iech bei eis. Mir hëllefen Iech!

    E-mail : info@inspiringluxembourg.lu