Fir wien a firwat?

D’EMOXIË reflektéieren op eng spilleresch Aart a Weis déi ënnerschiddlech Facettë vun eisem schéine Land a ginn Iech ee klengen Abléck an de Lëtzebuerger Alldag. Déi lëtzebuergesch Interpretatioun vun den Emojien ass entwéckelt ginn, als Outil fir jidder Eenzelen, fir Institutiounen an och aner Acteuren, fir ze deelen an ze applizéieren.

Se si witzeg ze benotzen a kënne ganz einfach an Är Kommunikatioun integréiert ginn, genau wéi normal Emojien.

Dobäi kënne se net nëmmen an der digitaler Welt benotzt ginn, mee och am Print oder am audiovisuelle Beräich.

Deelen

Entdeckt déi ganz Kollektioun

D’EMOXIE-Kollektioun ëmfaasst iwwer 100 Emojien, déi entwéckelt gi sinn, fir déi ënnerschiddlech Facettë vun eisem schéine Land ze reflektéieren. Si sinn a verschidden Themegruppen agedeelt: Sport, Tourismus, Gastronomie, Emotiounen, asw. Vill Freed beim benotzen an deelen!

Luet d’App erof

Dir wëllt EMOXIEN mat Äre Kollegen deelen? Dann luet d’EMOXIE-App erof a schonn sidd Dir prett fir se per Chat oder op Äre soziale Medien ze deelen. Vill Spaass beim EmoXie-en!