FAQ

Hutt Dir weider Froen zu den EMOXIEN?

Vläicht fannt Dir an der FAQ-Rubrik d’Äntwerten. Wann dëst net de Fall sollt sinn, kënnt Dir eis och iwwert E-Mail info@inspiringluxembourg.lu kontaktéieren.

  • WAT ASS EN EMOXIE?

    EMOXIË si personnaliséiert Emojien, déi am Kader vun der neier Ënnerschrëft vu Lëtzebuerg developpéiert a benotzt ginn, mam Ziel, d’Land no baussen ze promouvéieren. Den eenzegaartege Mix vun der onverwiesselbarer Signature an deene bekannten Elementer aus der lëtzebuergescher Kultur, Landschaft, Industriewelt an nach villem méi, zeechnen d’EMOXIEN aus. Et soll en Outil sinn, deen Dir an Ärer alldeeglecher Kommunikatioun, sief déi digital, op Print oder an de Medien, integréiere kënnt.

  • WËLLT DIR MÉI IWWER DÉI EENZEL EMOXIEN ERAUSFANNEN?

    Kuckt d’EMOXIEN duerch fir bësse méi iwwert se erauszefannen.

  • WÉI ASS D’IDDI ENTSTANEN?

    D‘EMOXIË sinn eng Initiativ vum interministerielle an interinstitutionnelle Comité „Inspiring Luxembourg“, dee Strategië festleet, déi den Image vu Lëtzebuerg no bausse promouvéiere sollen.

  • SINN D’EMOXIË RECHTLECH GESCHÜTZT?

    Esou laang Dir d‘EMOXIEN net modifizéiert, kënnt Dir se esou vill benotze wéi Dir wëllt! Vill Spaass beim EMOXIE-en!

  • WÉI KANN ECH EN EMOXIE ERASCHÉCKEN?

    Fir weider Informatiounen, consultéiert eis „EN EMOXIE AREECHEN“-Rubrik.

  • WÉI LUEDEN ECH EN EMOXIE EROF?

    Dir kënnt entweder all d’EMOXIEN eroflueden oder just deen, deen Dir braucht.