Stauséi

De Stau, wéi en ëmgangssproochlech genannt gëtt, läit am Norde vum Land an ass kënschtlech duerch ee 47 Meter héijen Damm entstanen.

Nieft der Drénkwaasserversuergung an dem Gewanne vun Elektrizitéit, zitt de Stau am Summer dausende Leit un, déi hei entspanen, schwammen oder anere Waasseraktivitéiten noginn. Kommt a verbréngt e puer gemittlech Stonnen um Stau!

 

Kajak

Kanu a Kajak hu sech zu Trendsportaarten zu Lëtzebuerg entwéckelt. E puer vun de Lëtzebuerger Flëss a Séie sinn einfach predestinéiert fir dëse Sport. Vu Westen no Oste fléisst d’Sauer, déi bekannt ass fir hir Stréimungen, Sandoflagerungen an d’Fielsen. Hiren Dall bitt de Kajaker allerhand Abenteuer an eng onbeschreiflech Vue. Um Stauséi, wou Motorbooter verbuede sinn, kann ee méi grouss Toure maachen. Kribbelt et schonn?

Éislek

Den hiwwelegen Norden ass esou ze soen de südlechen Deel vun den Ardennen a steet am staarke Kontrast zum méi platte Guttland. Och wann am Éislek manner Leit wunnen, zitt dës idyllesch Géigend vill Sportler an och Touristen un, déi sech déi vill Schlässer a Buergen ukucke kommen. Den Norde vun eisem Land ass einfach déi ideal Platz fir emol eng Kéier duerchzeootmen, e Gang erofzeschalten an d’Natur aktiv ze erliewen.

Schéissendëmpel

Idyllesch, romantesch, an e Symbol: Mëtten am Mëllerdall, an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz, läit de Schéissendëmpel. Dräi Waasserfäll vun der Schwaarzer Iernz fléissen hei, oder stiermen alt emol, de Sandsteen erof. Uewen driwwer, eng elegant Bréck aus Holz, déi zënter méi wéi engem Joerhonnert do steet. All Joer besichen eng sëllech Visiteuren dës Plaz, sief et als Deel vun engem Wanderwee, oder einfach fir eng schéi Foto ze maachen. Egal wéi, dës Plaz muss ee kucke goen. Loosst iech verzauberen!

Bësch

Et ass een ni wäit ewech vum nächste Bësch, souguer d’Stater kënne sech net bekloen.

Dee gréisste Bësch ass awer wuel de Bambësch, dee sech vum Gréngewald bis an den Nord-Oste vun der Stad zitt.

Profitéiert vun den honnerte Wanderweeër, déi iech duerch Fauna a Flora féieren – a wie weess, vläicht begéint der dobäi och ee Rei, en Hues oder souguer de Wollef.

Vallée des 7 châteaux

Net wäit vun der Staat Lëtzebuerg ewech, lackelt d’Regioun Guttland mat schéine Landschaften, Vëlos- a Wanderweeër. Ma et si virun allem déi historesch Schlässer an der eenzegaarteger Naturkuliss vun der “Vallée des Sept Châteaux“ vir déi d’Guttland bekannt ass, an dat och wäit iwwert eis Grenzen eraus.
Maacht Iech op d’Spuere vun de Ritter, a loosst Iech vun engem richtege Stéck Lëtzebuerger Geschicht verzauberen!

Musel

D’Musel gëtt net fir näischt an der Nationalhymne, nieft der Uelzecht an der Sauer, ernimmt.

Et ass eng wonnerschéi Géigend mat ville Wéngerten, heemlechen Dierfer an aussergewéinlechen Ausblécker.

De gudde Pättche Wäin dierf op der Musel natierlech net feelen!

Minett

D’Terres rouges kruten hiren Numm duerch dee roude Buedem, deen Zeie vun der industrieller Geschicht vun der Regioun ass.

Dës Géigend ass virun allem als Standuert fir d’Stolindustrie bekannt.

Vun hei aus, huet sech Lëtzebuerg zu enger moderner Wirtschaft gemausert, déi och haut nach mat groussem Stolz op de gëllenen Zäitalter vun der Stolindustrie zréckkuckt. Hautdesdaags ass déi Lëtzebuerger Wirtschaft allerdéngs vill méi diversifiéiert, an d’Terres rouges si gréisstendeels renaturéiert ginn.

Industriellt Ierwen

Zënter de 50er Joren, si vill Migranten als Hëllefsaarbechter aus Südeuropa, virun allem Italien a spéider och Portugal an d’Land komm, fir an der Stolindustrie ze schaffen. Déi lescht Minn huet virun e puer Joer, parallel zum Réckgang vun der Stolindustrie, hir Dieren zougemaach, just e puer Elektro-Stolwierker sinn nach a Betrib.

Eng ganz Partie historesch Sitte sinn zu Muséeën ëmgebaut ginn, an deenen een eisen industrielle Patrimoine kann erliewen an upaken.

Gitt se besichen a maacht iech e Bild, iwwert déi schwéier Aarbecht vun de virege Generatiounen.

Mëllerdall

Am Oste vum Land läit déi kleng Lëtzebuerger Schwäiz.

Wien eng Kéier do war, weess wouhier deen Numm kënnt: eng hiwweleg Landschaft, mäerchenhaft Fielsformatiounen, Hielen, Gäng, idyllesch Waasserfäll.

All dat ass um Enn vun der leschter Äiszäit entstanen an zitt zënter dem 19. Joerhonnert dausende Wanderer an Naturfrënn un.

Iwwregens huet d’Regierung Mëllerdall eng Demande gemaach, fir am „UNESCO’s Global Geopark Programm“ opgeholl ze ginn. Mir si gespaant!

Entdecken

Sief et fir e puer Stonnen, e ganzen Dag oder ee Weekend, et gi vill Méiglechkeeten, fir d’Land zu Fouss ze entdecken. Mat Frënn, Famill, ärem Hond, oder als Touristegrupp – jo och mir kënnen emol roueg mat der Heibleifskäerchen duerch d’Land fueren a mol Tourist am eegene Land spillen. De Rucksak ass dobäi e wichtege Begleeder. Vergiesst net är Kamera anzepaken, et gëtt genuch ze kucken!

Wanderen

Iwwerall ginn et se: Wanderweeër.

Si féieren iech duerch Bëscher a Felder, iwwer Bierger a Brécken, duerch Hielen an zu wonnerbaren Aussiichtsplattformen.

Profitéiert dovun, an entdeckt déi schéi Lëtzebuerger Landschaften!

Sonn

Gutt ass d’Wieder hei leider net ëmmer, mee wann d’Sonn erauskënnt dann ass zu Lëtzebuerg eng méi lass: D’Terrasse si voll, Parke si gutt besicht, Kanner sinn op de Spillplazen. Genéisst et!

Reen

Et ass sécher net sou schlëmm wéi an England, mee och zu Lëtzebuerg reent et mol méi oder manner staark.

Mee och da gëtt et genuch ze maachen, also verzweifelt net.

Firwat net mol erëm ee Musée besichen, op ee Concert goen oder sech mat Kollegen an engem Café treffen?

Camping

Et muss een net ëmmer wäit fortfueren, fir e bëssen ze entspanen. Firwat net emol ee Weekend vun engem vun de sëlleche Campingen uechter d’Land profitéieren?

Natur genéissen

Séien, Flëss, Bëscher, Fielsformatiounen, Flora a Fauna: d’Natur zu Lëtzebuerg huet vill ze bidden. Egal wou der wunnt, innerhalb vun e puer Minutte sidd der matzen an der Natur, also zéckt net, a maacht ee klengen Ausfluch.

Veianen

Veianen ass e Symbol fir Lëtzebuerger mëttelalterlech Geschicht, mat ville Schlässer, Grofen a Ritter.

Duerch déi vill Hiwwelen, déi typesch fir den Norde sinn, huet sech dës Géigend perfekt fir esou impressionnant Baute gëeegent.

Dat muss een einfach emol gesinn hunn!

An der selwechter Kollektioun

Stauséi
Kajak
Éislek
Schéissendëmpel
Bësch
Musel