Fliger

Lëtzebuerg huet e gutt vernetzten internationale Fluchhafen, dee méi ewéi 70 Destinatioune mat direkte Passagéiervollen uflitt.

Dank eiser zentraler Lag kann ee mam Fliger a manner ewéi 2 Stonne bal iwwerall an Europa sinn. Maach emol een eis dat no! Mat duerchschnëttlech méi ewéi 800 Flich an der Woch ass de „Findel“ eng richteg Dréischeif fir Reesen, awe och fir gläichzäiteg fir Cargoverkéier.

Sou ass et, datt zu Lëtzebuerg eng vun deene gréisste Cargo-Fluchgesellschafte weltwäit ugesidelt ass.

Vu Päerd bis hin zu Giraffen, vu frësche Mangoe bis hin zu wäertvollen Artikelen, vu Lëtzebuerg aus gi Wueren an déi ganz Welt transportéiert.

Tram

Eenzel Lëtzebuerger erënneren sech nach un deen alen Tram dee vun 1875 bis 1964 an der Stad gefuer ass.

Haut hu mir e fonkelneien a modernen Tram, deen elo scho mat groussem Erfolleg fiert.

An dat och nach elektresch.

Wéinst dem konstante Bevëlkerungszouwuess an dem Besoin fir méi Mobilitéit zu Lëtzebuerg, wäert déi nei Tramslinn déi verschidden Aktivitéitszone vun der Stad mat multimodale Dréipunkte verbannen.

Klammt eran!

Zuch

Deen aktuellen Zuchreseau huet näischt méi mat deem ze dinn, deen zu Pionéierzäite vun der Eisebunn gebaut gouf.

Et ass haut en Netz vu confortabelen a séieren Zuchverbindungen, national wéi och international, sief dat fir op Paräis oder Düsseldorf an doriwwer eraus.

Parallel zu der ëmmer méi grousser Unzuel vu Pendler an Awunner, ginn d’Capacitéite vum Reseau kontinuéierlech ausgebaut.

Den nächsten Zuch kënnt geschwënn!

Funiculaire

D’Stad ass net grad flaach, dowéinst ass de Funiculaire déi perfekt Léisung an der urbaner Mobilitéit. Zënter 2017 verbënnt de Funiculaire d’Gare am Pafendall mam Tram um Kierchbierg. Dës nei Infrastruktur spillt eng Schlësselroll am neie Mobilitéitskonzept. De Funiculaire muss 40 Héichtemeteren iwwerwannen. Och wann der sportlech sidd, déi wéilt der net all Dag zu Fouss eropkloteren, oder? Mam Funiculaire braucht der nëmmen 63 Sekonne bis erop, an dat ouni naassgeschweesst ze sinn!

Bus

D’Busser sinn e wichtegt Element fir den ëffentlechen Transport an d’Mobilitéit zu Lëtzebuerg. Sief et an de Stied, fir de regionalen Transport oder d’Verbindungen iwwert d’Grenzen eraus.

Egal wéi eng Längt, Form, Géisst a Faarf; d’Busser bréngen een iwwerall hin, an dat och ëmmer méi nohalteg.

D’Stad Déifferdeng war zum Beispill weltwäit déi éischt Stad déi 100 % elektresch lokal Busser agefouert huet. E Kuss fir de Bus!

Vëlo

Et gëtt kee bessert Gefill wéi iwwer d’Vëlosspur laanscht de Stau ze flitzen. Zu Lëtzebuerg klamme méi a méi Leit op den Drotiesel ëm, fir sech vun A op B ze deplacéieren.

De Vëlo ass dobäi en effikasst Mëttel, fir de Verkéier an de Stadzentren ze reduzéieren.

Gläichzäiteg ginn urban Reseaue mat Vëlosweeër a Locatiounsvëloen ausgebaut, fir datt et och keng Excuse méi gëtt, fir net de Vëlo ze benotzen. Mat iwwer 600 km Vëlospisten – an et kommen der nach dobäi – ass Lëtzebuerg um beschte Wee fir e Vëlosland ze ginn.

e-Bike

Bei Jonk an Al ginn d’E-Biken ëmmer méi beléift.

Laang Strecke gi méi agreabel an den E-Bike erlaabt et engem e Gang eropzeschalten, och ouni Training.

D’E-Bikë sinn en zouverlässege Partner fir déi, déi mam Vëlo schaffe ginn, well do geet et och alt emol zolidd biergop – An dir wëllt jo net zoppnaass um Büro ukommen!

E-Car

Dir sicht eng Opluedstatioun? Kee Problem, honnerten där Statioune ginn am Moment op enger ganzer Rei Parkingen uechtert d’Land opgeriicht, a spréisse wéi d’Champignonen aus dem Buedem.

Sou kann déi dréngend gebrauchten Elektromobilitéit méi einfach a méi bequem ëmgesat a benotzt ginn. Eist Klima seet Merci!

An der selwechter Kollektioun

Fliger
Tram
Funiculaire
Bus
Vëlo
e-Bike