Hond

De Mupp ass dem Mënsch säi beschte Frënd. Wat gëtt et méi Entspanendes, wéi mat sengem véierbeenege Frënd d’Bëscher, d’Felder oder d’Parken ze entdecken an dobäi vu der frëscher  Loft ze profitéieren?

Kaz

Nieft den Hënn, sinn d’Kazen och ganz beléiften Hausdéieren zu Lëtzebuerg. D’Miissie si virwëtzeg, hu keng Angscht, si sinn eegestänneg a si hunn definitiv hire ganz eegene Kapp.

Virun allem awer sinn se grouss Entdecker. Gutt, dass Lëtzebuerg hinne genuch Fräilaf bitt.

Päerd

Fräiheet, Eleganz a Kraaft. Dat sinn déi typesch Associatiounen, déi ee mam Päerd verbënnt. Nodeems d’Päerd an der Landwirtschaft pensionéiert goufen, krute se eng nei Roll am Sport. Zënter 1992 kann een déi beschte Reider op de Réiser Päerdsdeeg gesinn. Wat um Ufank ee reng Lëtzebuerger Tournoi war, zitt haut international Gréissten un. A lokal Talenter brauche sech do sécherlech net ze verstoppen!

Kou

Limousin, Blanc-Bleu (Gris-Bleu), Charolaise, Blonde d’Aquitaine, Angus, Hereford, Longhorn, Aubrac, Salers, Galloway, Highland, Welsh Black, Wagyu … an d’Lëscht geet weider.

Wien hätt geduecht, dass esou vill Rassen zu Lëtzebuerg geziicht ginn? Huelt iech ee Moment, fir dës gemittlech Häerdendéieren ze beobachten a genéisst mat hinnen d’Rou op de grénge Wisen.

Hunn

Kikeriki! Ee Symbol fir d’Landliewen ass den Hunn a säi Kréinen.

Haut villäicht e bësse manner verbreet wéi fréier, ass d’Landwirtschaft dach nach ëmmer ee wichtegen Deel vun der Wirtschaft an huet eng laang Traditioun zu Lëtzebuerg.

Den Hunn fënnt een och op de Kierchtierm, mee net iwwerall, zu Dikrech, do trount en Iesel. I-aa!

Hues

Huese sinn opmierksam a richteg séier. Déi kritt een net esou einfach ze paken, do kënnt der sécher sinn.

Seng Cousine, d’Kanéngchen, ass scho wesentlech méi heemlech a mat hire flauschegen, laange Läffelen an der séisser Stuppsnieschen, ass et e beléiftent Hausdéier bei Jonk an Al.

Bei

Beie sammele fläisseg den Nektar an de Felder, de Bëscher an an de Wisen, fir leckeren Hunneg ze produzéieren. Wa se vun enger Planz bei déi nächst fléien, verdeelen se d’Pollen a spille sou eng wichteg Roll an eisem ekologesche System: Keng Beien, keng Planzen. Dat sinn also op d’mannst zwee gutt Grënn, fir d’Beien ze schützen. A firwat net selwer Beien halen? D’Beienziichterei gëtt zu Lëtzebuerg, grad wéi an aneren europäesche Länner, ëmmer méi beléift an dat souguer an der Haaptstad. Huelt Iech een Häerz fir d’Beien!

Réi

Am Allgemengen ënnerscheet sech eis Natur- an d’Planzewelt net wierklech vun aneren West- oder Zentraleuropäesche Länner, mee am Verglach ass d’Zuel vun de Réi am Éislek schonn impressionnant. Déi grouss Bëschflächen, déi duerch Felder an Däller ënnerbrach ginn, bidden de perfekte Liewensraum fir dës elegant Déieren. Een eenzegaartegen Exemplaire – hellblo an aus Stol – konnt een 2007 méi dacks gesinn, an deem Joer, wou Lëtzebuerg an d’Groussregioun Kulturhaaptstad waren. Deen een oder anere kann een och haut nach erblécksen, wann een an der Kulturzeen ënnerwee ass. Also haalt är Aen op!

An der selwechter Kollektioun

Hond
Kaz
Päerd
Kou
Hunn
Hues