Sportlech Leeschtung

Ee fir all, all fir een.

Lëtzebuerger sinn Teamplayer, déi sech viru kengem Challenge scheien.

Egal ob am Team oder als Eenzelsportler, déi lokal Sportler an och professionell Athleten hu grousse Succès: Vum Vëlo, iwwert Reiden, bis zu Schwammen oder Tennis, eis Sportsfraen a -männer deelen all déi nämmlecht Astellung a si stolz d’Nationalfaarwen ze droen.

Léift zum Sport

Dëse Schong ass net nëmmen ee Fashionstatement, mee bréngt eis Begeeschterung fir de Sport op de Punkt.

Vu klengem un, sinn d’Kanner Membere vu Sportsclibb an e puer vun hinne sinn haut international erfollegräich.

Eis Passioun fir de Sport huet eis awer och dozou bruecht, datt mir mëttlerweil Organisatiounsexperte fir international Sportsmanifestatioune gi sinn: an dat vun der Vëloscourse iwwert de Marathon.

Depart – Lass!

Fussball

Fussball ass zu Lëtzebuerg ee sensibelt Thema.

Als Natioun mat knapp iwwer 600.000 Leit ass et net esou einfach, géint aner Natioune mat Dosende Millioune Leit unzetrieden.

Mee mir schaffen drun, versprach! A wa mer et dann an d’Top 100 packen, oder 0 – 0 géint eng Equipe wéi Frankräich spillen, da gëtt dat uerdentlech gefeiert !

Basket

Leit ze fannen, déi méi grouss si wéi den Duerchschnëtt ass net esou schwéier, mee mat der Gréisst eleng ass et net gedoen.

Dozou gehéiert och vill Engagement an Talent. Dank dësen Eegenschaften hu schonn e puer Lëtzebuerger Spiller et souguer bis an d’NBA gepackt, sou wéi den Alvin Jones Ufank den 2000er.

A wann déi talentéiert Männer a Fraen net grad an internationalen Equippe spillen, ënnerstëtze si heiheem eis Nationalequippen.

handball

Dat séiert, intensiivt an en dynamescht Spill, schéngt virun allem ee südleche Sport ze sinn, well do d’Handballsclibb unzetreffe sinn: Esch-Uelzecht, Diddeleng, Bierchem, Déifferdeng, Bascharage … Mee d’Begeeschterung fir dëse Sport ass an all Regioun ze fannen!

Tennis

Tennis ass ee populäre Sport zu Lëtzebuerg.

Deen eelste Club – deen zu Dikrech – ass 1902 gegrënnt ginn. D’Reaktiounszäit ass wichteg, wann ee wëll zu deene Beschte gehéieren, mee net nëmmen.

De Gilles Muller, de Lëtzebuerger Tennisass, ass ee vun deene beschten op der Welt.

An de Foussstapfe vum Anne Kremer, déi d’Nummer 18 op der Weltranglëscht war, an dem Mandy Minella, gi mer grad Zeie vun engem neie Stär um Tennishimmel, dem Eleonora Molinaro.

Wann Dir d’crème de la crème vun den internationalen Tennisspillerinne wëllt live erliewen, da feiert kee Wee laanscht dee gréissten Tennistournoi zu Lëtzebuerg: de Luxembourg Open.

Vëlo

Stroossevëlo a Cyclocross kënnen definitiv als Nationalsport ugesi ginn.

De Vëlo läit eis am Blutt, net fir näischt kënne mir eis mat 4 Tour de France Gewënner bretzen: François Faber (1909), Nicolas Frantz (1927 an 1928), Charly Gaul, den „Ange de la Montagne“ (1958) an den Andy Schleck (2010).

Viru kuerzem huet de Bob Jungels 2018 Léck – Baaschtnech – Léck gewonnen. An nach ganz vill aner jonk Talenter wäerte fir déi eng oder aner Iwwerraschung suergen. Wien ass deen nächsten?

Schwammen

Obwuel mer kee Mier hunn, schwamme mer gären.

Läit dat vläicht un deene ville Vakanzen op der belscher Plage an un der franséischer Côte? Alles nëmme Spekulatioun.

Et gi genuch Séien, Baggerweieren a Piscinnen, wou ee sech kann dran zappen.

Um sportlechen Niveau ginn et eng Rei talentéiert Schwëmmer, 3 dovunner hunn 2016 Lëtzebuerg bei den Olympesche Spiller zu Rio vertrueden: Laurent Carnol, Raphaël Stacchiotti a Julie Meynen.

Ballon

Iwwerall op der Welt sinn d’Leit faszinéiert vum Fléien, do si mir Lëtzebuerger keng Ausnam. Dës Begeeschterung kann een all zwee Joer um Luxembourg Balloon Trophy gesinn, eng international Competitioun an en aussergewéinlecht Event fir all Visiteur. 2018 krut Lëtzebuerg säi ganz eegene Ballon, LX-BLX, deen un nationalen an internationale Competitounen deelhëlt. Haalt är Aen op.

Pokal

Lëtzebuerg ass déi ideal Spillwiss, fir och alt emol méi speziell an aussergewéinlech Sportaarten ze fannen.

Och an deene Sportaarten hu mir richteg Talent. Vum Kicker iwwert Keelespillen, bis zum Bürostullrennen, hu mir international d’Nues mat fir bäi. Bravo! Staark Leeschtung!

Medail

Lëtzebuerger wëssen, wéi ee bei internationale Competitioune Medaile gewënnt.

Déi éischt Vëlosweltmeeschterin Elsy Jacobs (1958), oder den Athlet Josy Bartel, deen ’52 eng olympesch Goldmedail gewonnen huet, sinn nëmmen e puer Beispiller vu Leit, déi fir hir excellent sportlech Leeschtunge geéiert gi sinn.

Hautdesdaags hu Sportler wéi de Gilles Muller, d’Christine Majerus oder de Bob Jungels et ënnert déi Bescht gepackt an erfreeën domat eng ganz Natioun.

Podium

Nëmmen déi bescht kommen op de Podium.

Mir erënneren eis all un d’Gebridder Schleck, déi d’Grand Boucle 2011 als zweeten an drëtten ofgeschloss hunn, an zesummen um Podium zu Paräis stoungen.

Dat war dat Eenzegt, dat hire Succès op vun der 17. Etapp beim Tour de France 2009 konnt toppen, do hat de Fränk gewonnen an den Andy ass drëtte ginn.

An der selwechter Kollektioun

Sportlech Leeschtung
Léift zum Sport
Fussball
Basket
handball
Tennis