Land

Wann Italien de Stiwwel huet, dann hu mir de Schong.

Dréint d’Form vum Land ëm 90 Grad, da gesitt der et. Wéi praktesch, well mat engem Foussmarsch kann ee vun uewen no ënnen a vu riets no lénks queesch duerch d’Land trëppelen – et huet och vill Virdeeler méi kleng ze sinn.

Am Häerz vun Europa

Lëtzebuerg konnt ëmmer Brécken zu sengen Nopeschlänner bauen a Partnerschafte mat hinne schléissen.

Dowéinst ass et kee Wonner, dass mir mat um Dësch souzen, wéi den Traité de Rome, sprëch d’Grënnung vun der Europäescher Unioun, ënnerschriwwe gouf. Zënterhier hale mir den europäesche Gedanken héich an eng ganz Rei vun den europäeschen Institutiounen hunn hir Plaz hei am Land fonnt.

Kroun

D’Kroun, d’Symbol vun der Monarchie par excellence, representéiert déi groussherzoglech Dynastie an de Staatschef, de Grand-Duc Henri. Aus deem Grond droen offiziell Symboler wéi Fändelen oder Medailen och den H mat Kroun. De Grand-Duc Jean huet am Joer 2000 zu Gonschte vu sengem Jong Henri ofgedankt; de Prënz Guillaume ass zanterhier Ierfgroussherzog. 

D’groussherzoglech Famill vertrëtt d’Land op Staatsvisitten a Wirtschaftsmissiounen an anere Länner. Si hëlt u ville sozialen a kulturellen Aktivitéiten zu Lëtzebuerg deel. De Grand-Duc Henri, seng Fra d’Grande-Duchesse Maria Teresa an hir 5 Kanner patronéiere verschiddenst national Associatiounen, déi humanitär Aktiounen, de Sport oder d’Konscht ënnerstëtzen.

Palais

De Palais ass d‘Residenz vun der groussherzoglecher Famill an der Stad, mee virun allem ass d’Gebai e Symbol fir d’Monarchie, an eng beléiften Touristenattraktioun. Eigentlech huet een d’Stad net richteg gesinn, wann een net ee klenge Stopp virun dësem impressionnante Gebai, mat senger schéiner Fassad mat flammännesche Renaissanceelementer aus dem spéide 16. Joerhonnert, gemaach huet. Deemools gouf den eelsten Deel eigentlech als Gemengenhaus gebaut. 1890 ass d’Gebai zum groussherzogleche Palais ëmgebaut ginn. Ass de Fändel uewen, dann ass de Grand-Duc doheem. Also haalt Är Aen op, vläicht begéint der e jo!

Méisproochegkeet

Lëtzebuerg zeechent sech duerch d’Méisproochegkeet aus, Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch sinn déi offiziell Sprooche vum Land, an Englesch gëtt an all de Schoulen enseignéiert.

Mee dat sinn nach laang net all d’Sproochen, déi hei geschwat ginn, Portugisesch, Spuenesch, Italienesch, asw. kommen och nach dobäi. Den Duerchschnëttsawunner schwätzt ronn 3,6 Sproochen. Ass dat net mega?

Schengen

Am Süde vum Land, deelt d’Land d’Grenz mat Frankräich iwwer 73 km. Am Westen, 148 km mat der Belsch an am Osten, 135 km mat Däitschland. Mee firwat iwwerhaapt nach vu Grenze schwätzen? 1985 hunn d’Benelux-Länner, Frankräich an Däitschland de Schengen Accord ënnerschriwwen, wou dës Länner hir Grenzen ee fir allemol opgemaach hunn. Haut sinn am ganze 26 Länner Member vum Schengenraum an déi kleng Gemeng Schengen ass jidderengem e Begrëff.

Uni.lu

Et ass eng laang Traditioun, datt Lëtzebuerger hir Studien am Ausland maachen an dobäi nei Kulturen entdecken an hiren Horizont erweideren.

Während dës Traditioun bis haut nach ëmmer erhale bliwwen ass, hu mir mëttlerweil och eng eegen Uni, déi säit 2003 national an international Talenter unzitt.

De Site zu Belval ass zënter kuerzem déi nei Heemecht vun der Uni.lu, déi sech ausserdeem perfekt an déi europäesch Unislandschaft integréiert huet. Am Times’ Higher Education Ranking ass d’Uni.lu mëttlerweil schonn an der Top 200. Wëllkomm zu Lëtzebuerg!

Philharmonie

Zënter 2005 steet dëst impressionnant Gebai um Kierchbierg, wou Weltklass-Concerte mat Kënschtler aus aller Welt organiséiert ginn. Den Architekt Christian de Portzamparc an den Akustiker Albert Yaying Xu hunn eng Plaz kreéiert, wou Musek zum Erliefnes gëtt. E Symbol fir zäitgenëssesch Architektur zu Lëtzebuerg.

Mudam

Dem Mudam seng Glaskuppel ass onverkennbar.

Hei war de chinesesch-amerikaneschen Architekt Ieoh Ming Pei um Wierk. Hien huet eng aussergewéinlech Ausstellungssurface entworf, déi haut Dauer- a Wanderausstellungen aus der ganzer Welt weist. E Stéck zäitgenëssesch Konscht eben.

Festung

Déi Lëtzebuerger Festung war eng vun deene stäerksten an Europa, net ouni Grond hu sech Spuenien, Frankräich an Éisträich ëm de „Gibraltar vum Norden“ gestridden.

Mee fir deem aus dem Wee ze goen, ass am Londoner Vertrag vun 1867 festgehale ginn, dass se geschlaff géif ginn.

Lëtzebuerg gouf als neutral deklaréiert. De Rescht vun der Festung ass erhale bliwwen an ass zënter 1994 Deel vum UNECSO-Weltierwen.

Rout Bréck

Den offiziellen Numm vun der Bréck ass „Pont Grand-Duchesse Charlotte“, mee fir eis ass a bleift et déi „Rout Bréck“, ganz einfach well se rout ass. Zënter 1960 verbënnt se de Glacis mam Kierchbierg, wou eng Rei europäesch Institutiounen a grouss Entreprisen hire Sëtz hunn.

Gëlle Fra

Ursprénglech eng Gedenkstatu fir déi, déi am Éischte Weltkrich gefall sinn. Während der Occupatioun ofgerappt, fir Joerzéngte verschwonnen, dunn nees erëmfonnt, an an den 80er nees opgeriicht ginn, als Denkmal fir d’Affer vun deenen zwee Weltkricher. Zënterhier, huet eis Gëlle Fra sou munches erlieft: Nodeems 2001 e schwangeren Doubel fir vill Polemik hei am Land gesuergt huet, ass si dunn 2010 nees ofgebaut ginn, fir Lëtzebuerg zu Shanghai op der Weltausstellung ze vertrieden.

Elo hu mir se erëm zréck bei eis, doheem zu Lëtzebuerg, do wou se higehéiert!

Fändel

Mir kennen d’Situatioun: d’Verwiesslung mam hollännesche Fändel.

Den Däiwel läit oft am Detail, an dësem Fall am Blotoun.

D’Ähnlechkeet kënnt wahrscheinlech dohier, dass d’Land am 19. Joerhonnert a Personalunioun mat Holland regéiert gouf. Mee egal wou déi Ähnlechkeet hierkënnt, loosst eis Faarf bekennen!

Roude Léiw

Zënter Joerhonnerten ass de Léiw en heroescht Déier an e Symbol fir Muecht a Stäerkt an Europa. De Lëtzebuerger Roude Léiw, sou wéi mir en haut kennen, huet zënter dem 13. Joerhonnert duerch divers Successiounen a Muechtuspréch evoluéiert. Dem Léiw seng Kroun, seng gëlle Krallen an de gedeelte Schwanz ënnerscheeden hie vun deenen anere Léiwen an der Welt.

Donieft ass de Léiw och ee beléift Symbol, dat dacks am Sport benotzt gëtt. An deem Sënn: Roude Léiw, huel se!

Freedefeier

Mir loossen et gäre knuppen. Dat schéinste Freedefeier ass awer sécherlech dat um Virowend vun Nationalfeierdag.

Eng ganz Natioun, déi de Gebuertsdag vun hirem Grand-Duc oder der Grande-Duchesse feiert … och wa si net den 23. Juni gebuer gi sinn. Egal! Vive de Grand-Duc! Vive d’Grande-Duchesse!

Riserad

Zënter méi wéi 670 Joer gëtt elo schonn d’Schueberfouer, wou een dat impressionnant Riserad scho vu wäitem kann erblécksen.

D’Fouer ass eng Méiglechkeet, fir nach eng leschte Kéier de Summer a vollen Zich ze genéissen, well kuerz drop ass en eriwwer, an d’Schoul geet nees un. Dofir, klammt eran a genéisst d’Vue iwwert d’Stad, sou laang et geet.

Superjhemp

De Superjhemp ass en Nationalheld de Generatioune vu Kanner, awer virun allem hir Elteren un d’Laache bruecht huet.

All d’Verbriechen a Rätselen, déi e geléist huet, baséieren op der Lëtzebuerger Aktualitéit, déi gekonnt op d’Schëpp geholl gëtt. Pozznennö!

Melusina

D’Melusina war mam Grof Sigfrid bestuet. Virum Bestietnes huet se drop gehalen, dass si een Dag an der Woch ganz eleng fir sech hätt.

De Virwëtz huet de Sigfrid awer net mat Rou gelooss an enges Daags huet hien duerch d’Schlëssellach geluusst.

Do gesäit hien dem Melusina säi Geheimnis: e Fëschschwanz! Duerch de Bedruch an d’Enttäuschung iwwert hire Mann, ass d’Melusina an d’Uelzecht gesprongen an ass fir ëmmer verschwonnen.

Zënter e puer Joer awer, kann ee se a Form vun enger Statu um Uelzechtufer besichen a wie weess, villäicht taucht déi echt Melusina jo och nach eng Kéier op?

Renert

De Renert ass déi Lëtzebuerger Adaptatioun vum „Reineke Fuchs“ an dem „Le Roman de Renard“, déi schonn zënter dem 15. Joerhonnert an der europäescher Kultur verankert sinn.

Ee vun de bekanntsten Interprete war de Goethe, deen och emol eng Zäitlaang zu Lëtzebuerg war.

De Renert ass en Nationalepos, geschriwwe vum Michel Rodange, a weist a Fabelform eng satiresch Vue op d’Lëtzebuerger Aktualitéit a Politik vun där Zäit.

De Protagonist ass de Renert, een duerchdriwwene Fuuss am Frack an a Maansgréisst.

Gitt e mol besichen, um Knuedler waart en op Iech!

Maus Ketti

Sidd dir éischter en Duerfkand, oder e Stadmënsch? Dann ass déi heite Geschicht genau déi richteg fir Iech! Den Auguste Liesch huet 1936 eng vun deene bekannteste Fabelen aus der Lëtzebuerger Literatur geschriwwen. D’Ketti ass eng Feldmaus vu Munneref, seng Cousine Mim ass aus Clausen. Onzefridde mam Kascht, deen et zerwéiert krut, invitéiert d’Mim seng Cousine bei sech an d’Stad fir him all déi Stater Delikatessen ze weisen. Mee méi gëtt hei net verroden … Eng fiktional Geschicht iwwert d’Stad- an d’Landliewen, mat där enger oder anerer Lektioun fir d’Liewen.

Dikrecher Iesel

Et gi verschidde Legenden, firwat grad den Iesel zum Maskottche vun Dikrech gouf. Zënter iwwer 200 Joer gëtt doriwwer diskutéiert an enges Daags kommen d’Historiker vläicht op ee gemeinsamen Nenner. An der Tëschenzäit sinn d’Dikrecher stolz op hiren Iesel, dee souguer den Dikrecher Kierchtuerm kréint. Den Iesel, deen och nach Louis genannt gëtt, fënnt een natierlech och op all lokalem Event wéi Al Dikkrich oder op der Kavalkad. Iaaaaaa!

Hämmelsmarsch

Den traditionellen Hämmelsmarsch gouf vu lokale Museksveräiner an den Duerfstroosse gespillt, fir d’Awunner op d’Kiermes ze invitéieren. Haut ass den Hämmelsmarsch eng flott Geleeënheet fir de lokalen Orchester mat e puer Su ze ënnerstëtzen. Mee firwat den Hammel? Fréier goufen se als Gewënn um Maart verspillt an hu Reklamm dofir gemaach. Dëser Deeg gesäit een se just nach ganz seelen um Maart, a gewanne kann ee se och net méi.

Sprangprëssessioun

All Päischtdënschdeg heescht et: 1 Schratt no lénks an 1 no riets. D’Sprangprëssessioun ass déi lescht vun hirer Zort an Europa a gehéiert zum immateriellen UNESCO-Kulturierwen. D’historesch Originne sinn awer bis haut net ganz kloer, ma wat sécher ass, ass, datt se op eng Pilgerrees vum Willibrord zeréckgeet, deen d’Abtei zu Iechternach am 7. Joerhonnert gegrënnt huet. Wéi gespronge gëtt, huet dacks fir Chaos gesuergt, mol waren et 3 Schrëtt no vir an 2 zeréck, mol 2 no vir an 1 zeréck. Fir sech net méi op d’Féiss ze trëppelen, gëtt elo just nach no vir gesprongen. Egal wéi, d’Sprangprëssessioun zitt nach haut dausende Leit aus aller Welt un, aus reliéisen, folkloristesche Grënn, oder einfach aus Virwëtz. Sprangt mat!

Péckvillchen

De Péckvillchen ass eng Päif a Villerchersform aus Toun, op där een traditionell zwee Téin ka spillen. Op Ouschterméindeg sinn d’Péckvillercher d’Haaptattraktioun op der Eemaischen, déi souwuel an der Stad, wéi och zu Nouspelt organiséiert gëtt. Op deenen zwee Mäert fannt dir vill handgemaachte Péckvillercher, an alle Formen a Faarwen. Nieft den Tounvillercher fënnt een der mëttlerweil och ëmmer méi aus Glas. Wien een Exemplar aus der streng limitéierter Spezialeditioun erwësche well, muss fréi u sinn. Well nëmmen de fréie Vugel, fänkt de … Péckvillchen! Tschiip!

Veianer Noss

Zënter 1902 gëtt et zu Veianen iwwer 2.500 déck Nësserten, ongeféier ee Fënneftel vun den Nossbeem déi uechter d‘Land stinn! Bal 500 Zenner goufe schonn zu där Zäit gepléckt. 1935 gouf deen éischte Veianer Nëssmoort organiséiert, an zënter 1970 huet den traditiounsräiche Maart seng Plaz am historeschen Duerfkär, ënnert dem Schlass. Ier se verschafft gi mussen d’Nëss geschutt, gepeelt, geweesch a gedrëchent sinn ier ee ka Gebäck, Ueleg, Kuch, Drëpp, Likör an nach villes méi draus zauberen. Also Rendez-vous ass all éischte Sonnden am Oktober zu Veianen.

Literatur

D’Literaturgeschicht zu Lëtzebuerg ass nach net esou al, grad ewéi d’Land an d’Sprooch. D’Luxemburgensia, wéi een se haut kennt, ëmfaasst net nëmme Bicher op Lëtzebuergesch, nee, all d’Sprooche sinn hei vertrueden, soulaang d’Buch zu Lëtzebuerg, vun engem Lëtzebuerger oder iwwer Lëtzebuerg geschriwwen ass.

Wou gëtt et da sou eppes? Dat éischt Buch op Lëtzebuergesch koum 1829 op de Maart, den Auteur war den Antoine Meyer. Insgesamt ass eis Literatur am Ausland net extrem bekannt, mee e puer Wierker hunn et och bis dohi gepackt a wie kennt schonn net den Dr. Mabuse?

Konscht

Mir hunn eng ganz Rëtsch Muséeën an Ausstellungen am Land, déi déi grouss Vilfalt vun der Konscht zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus weist.

1995 war Lëtzebuerg europäesch Kulturhaaptstad, wat der Konschtzeen, de Konschtgalerien an dem Bewosstsinn vun der zäitgenëssescher Konscht gehollef huet. Nodeems Lëtzebuerg 2007 nees Kulturhaaptstad war, wäert et am Joer 2022 d’Stad Esch sinn, déi dësen Titel dierf droen.

An der selwechter Kollektioun

Land
Am Häerz vun Europa
Kroun
Palais
Méisproochegkeet
Schengen