Häerzer

Lëtzebuerg läit am Häerz vu Westeuropa … Mee dat ass offensichtlech hei net de Punkt.

Net all Häerz am Grand-Duché ass nach ze verginn, an net jidderee benotzt d’Wuert Léift liichtfankeg, mee eppes steet fest: Lëtzebuerg ass e Land, dat een einfach a säin Häerz schléisse muss!

Verléift

„Ech hunn dech gär“: ass iech schonn opgefall, dass mir an eiser Sprooch kee Verb hunn, fir dëst Gefill auszedrécken? Lieben, aimer, to love, amar – dat sinn alles Verben. Firwat mir do eng Ausnahm sinn? Gutt Fro!

Laachen

Mir si vläicht net fir eise Sënn fir Humor bekannt, mee och mir hunn e grousse Repertoire u Witzer, déi mir allze gär bei engem gudde Pättchen zum Beschte ginn.

Wie kennt se allerdéngs net, d’Situatioun wou de Witz bei senger Iwwersetzung leider d’Pointe verléiert …

Onglécklech

Am leschte Welt-Glécksrapport war Lëtzebuerg ënnert den Top 20. Gemooss gëtt dësen un der wirtschaftlecher Lag, dem Gesondheets- a Sozialsystem a villen anere Facteuren. Mee si mer éierlech, heiansdo steet een einfach mam falsche Fouss op, dat kënnt jidderengem mol fir, och de Lëtzebuerger!

Rosen

Lëtzebuerg, dat läit dach an Däitschland, oder? Ah Lëtzebuergesch, dat ass een Dialekt, gell? Aussoen, déi eis op de Bam dreiwe kënnen.

Mee loosse mer eis net opreegen, do sti mir driwwer.

Applaus

Mir sinn net einfach ze begeeschteren, mee wa mer bis iwwerzeegt sinn, da leeë mer richteg lass!

Handschlag

Deal! Fir Verschiddener ass et eng Konscht. Fir eis Lëtzebuerger ass et eng Selbstverständlechkeet, vun där all Partei profitéiert an een zesumme méi wäit kënnt.

Wien eis en Handschlag gëtt, dee weess op eis ass Verlooss a mir halen eis Verspriechen. Dat ass et, fir wat Lëtzebuerg steet, sief et um diplomatesche Plang oder an der Geschäftswelt. Eis kann ee beim Wuert huelen!

Daumen héich

Dir gefält eppes? Da benotz dësen Emoxie, domat ass alles gesot.

Daume rof

Wann eis eppes net gefält, da soe mir et riicht eraus a schwätzen net laang ëm de Bräi. Mee eng konstruktiv Debatt huet nach kengem geschuet! Daumen héich!

An der selwechter Kollektioun

Häerzer
Verléift
Laachen
Onglécklech
Rosen
Applaus