Satellit

Lëtzebuerg an eege Satellitten? Wéi an den 80er Joren alles ugefaangen huet, huet wuel deen een oder aneren d’Welt net méi verstanen, mee et war Pionéieraarbecht. Haut ass Lëtzebuerg ee vun deene gréissten Operateure fir Kommunikatiounssatellitten. D’SES erreecht mat hiren iwwer 50 Satellitte bal déi ganz Welt. Nächste Stopp? Space mining!

Weltall

2017 huet d’Regierung bekannt ginn, dass Lëtzebuerg sech am Space mining engagéiere wäert.

Erstaunlech jo, mee firwat och net? Mir sinn ëmmer nees bereet eis, zesumme mat eise Partner, neien Erausfuerderungen ze stellen an déi och ze meeschteren.

Mir gräifen no de Stären!

Innovatioun

Fortschrëtt kann net gestoppt ginn, mee e kënnt och net vum selwen.

Lëtzebuerg verbënnt sech ëmmer nees mat europäesche Partner fir Innovatiounen an den Entrepreneursgeescht systematesch ze promouvéieren, an dat duerch Investissementer déi souwuel vun der Regierung wéi och vun der Privatwirtschaft gedroe ginn.

Ganz nom Motto: Zesumme méi wäit!

Kreeslafwirtschaft

D’Kreeslafwirtschaft ass ee Schlësselthema fir Lëtzebuerg. Vill Entreprisen, Gemengen an aner Acteuren engagéiere sech an dësem Beräich.

D’Bewosstsinn wiisst, Projete ginn entwéckelt, Investissementer gi gemaach. Huelt och dir deel un enger méi nohalteger Zukunft!

Wuesstem

Lëtzebuerg huet sech a senger Geschicht schonn e puermol missen nei erfannen an all Kéier si mir un eisen Erfarunge gewuess.

De Wuesstem ass wichteg, mee nohaltege Wuesstem nach vill méi, well just vun deem profitéieren och déi nächst Generatiounen.

Dowéinst investéiert Lëtzebuerg stänneg an Innovatiounen an ënnerstëtzt nei Start-upen, ouni dobäi d’Natur aus den Aen ze verléieren.

An enger Etude iwwert déi 3. Industriell Revolutioun, si Strategien entwéckelt ginn, fir eis Zukunft nohalteg ze gestalten. Drot och dir dozou bäi!

Fuerschung

Zukunftstorientéiert a virwëtzeg wéi mir sinn, ass d’Fuerschung e wichtegen Deel vun eiser DNA. D’Uni.lu, FNR, LIST, LISER si just e puer Beispiller vun Institutiounen an déi mir Joer fir Joer investéieren.

Dee jonke Lëtzebuerger Fuerschungssecteur ass villverspriechend. Mir huelen eis Zukunft an d’Hand!

Finanzen

Während an no der Stolkris an de 70er Joren, huet Lëtzebuerg nei Marchéen a Wirtschaftssecteuren entwéckelt.

De Bankesecteur ass rasant gewuess an iwwert d’Joren huet d’Land sech zum zweetgréissten Zentrum fir Investitiounsfonge weltwäit entwéckelt. Wousst dir, dass méi wéi 50 % vun alle „gréngen“ Obligatiounen zu Lëtzebuerg domiciliéiert sinn? … quasi d’Welthaaptstad vun de „Green Bonds“ also!

ICT

Wousst dir, dass Lëtzebuerg ausgewielt ginn ass, fir den europäesche Supercomputer ze implantéieren? Dank eise gudden Infrastrukturen an dem excellente Know-How, ass Lëtzebuerg den ideale Standuert fir ICT-Projeten ze realiséieren.

Där Meenung sinn och aner grouss Boîtten aus dem ICT-Secteur, déi sech schonn hei zu Lëtzebuerg néiergelooss hunn, respektiv op Lëtzebuerg komme wëllen.

Logistik

Deenen neiste Studien am Beräich Logistik no, ass Lëtzebuerg eng strategesch Dréischeif fir d’Logistiksindustrie: Eis Oppenheet, eis modern Infrastrukturen, grad wéi eis zentral Lag an Europa droen dozou bäi. Wat och ëmmer déi nächst Joren am Beräich Transport op eis duerkomme wäert, Lëtzebuerg verbënnt!

Biotech

Nieft der Landwirtschaft, der Liewensmëttelproduktioun, der Medezin an aneren Industrien, ass Biotechnologie ee wichtege Secteur fir d’Recherche, d’Entwécklung, d’Innovatioun an d’Wirtschaft. Lëtzebuerg promouvéiert d’Biotech-Startup-Zeen, andeem Kompetenze geschaafe ginn, déi d’Reputatioun vum Land op dësem Feld iwwert d’Grenzen ewech bekannt maachen.

Eco-innovatioun

Innovatioun: dat ass de Wee an eng nohalteg Zukunft. Mee wéi kënnen Entreprisen eng Plus-value schafen, andeems se innovativen Design an Technologië mat de Prinzipie vun der Kreeslafwirtschaft verbannen? Dëser Froestellung geet den Eco-Innovation Cluster no. Déi verschidde Partner hunn sech zesumme gedoen, fir Léisungen ze fannen, déi souwuel wirtschaftlech sënnvoll wéi och nohalteg sinn.

Erneierbar Energien

Wann et ëm erneierbar Energien geet, mécht Lëtzebuerg aktuell enorm Efforten, fir eis Energiereserve méi nohalteg ze gestalten. D’Wandkraaft spillt dobäi eng Haaptroll, mee net nëmmen.

Zousätzlech zu de Wandparken, déi fir de Moment schonn a Betrib sinn, sinn der och schonn eng ganz Rëtsch am Bau, respektiv an der Planung.

Automobilindustrie

Zu Lëtzebuerg ginn zwar keng Autoe gebaut, a mir hunn och keng eegen Autosmark, an awer spille mir eng wichteg Roll fir déi weltwäit Automobilindustrie.

Als zouverlässege Partner ass Lëtzebuerg e wichtegen Dréipunkt fir Zouliwwerer vun Autosstécker an awer och en interessante Standuert fir d’Fuerschung an d’Entwécklung.

Holz

An där kuerzer Ära vum Napoleon gouf een Deel vu Lëtzebuerg als „Département des forêts“ annexéiert. Haut ass d’Begeeschterung vum Bësch als natierlech Ressource ëmmer méi um kommen, während d’Holz als Material ëmmer méi beléift gëtt. De rezent gegrënnte Wood Cluster ënnerstëtzt dës Entwécklung. Duerch de Cluster gouf eng Plattform geschaf, fir all déi wichteg Acteuren an dësem Feld un een Dësch ze bréngen: vun de Produzente bis zu den Endkonsumenten. Ee Maart, deen een am Bléck behale sollt!

Kreativindustrie

D’Kreativindustrie spillt eng ëmmer méi wichteg Roll fir d’Lëtzebuerger Wirtschaft, mee och kulturell a sozial huet se ee staarken Impakt op eis Gesellschaft. Architektur, Filmer, Literatur an Handwierk sinn nëmmen e puer Beräicher aus der Kreativindustrie, déi duerch hir innovativ Iddien a Konzepter dozou bäidroe Lëtzebuerg ze valoriséieren. Mat Hëllef vum rezent gegrënnte Creative Industries Cluster gëtt d’Zesummenaarbecht tëscht deene verschiddene Beräicher verstäerkt an den Austausch tëscht traditionellen a kreative Beruffer promouvéiert. Dréckt och dir är Kreativitéit aus a reecht är EmoXie-Iddi eran.

Manufaktur & Fabrikatioun

D’Innovatioun an d’Kompetitivitéit gi staark zu Lëtzebuerg promouvéiert, woubäi d’Produktiouns- an och d’Recherche- an Developpements-Aktivitéiten eng Schlësselroll am Secteur vun der Fabrikatioun spillen. Dëse Secteur representéiert bal een Zéngtel vum nationalen Emploi a 5 % vun der nationaler Produktioun. 32.000 Leit schaffen dobäi an der Produktioun, déi meescht am Beräich Metall a Chimie, mat Nanomaterialer, biologesch ofbaubaren a recycléierbare Materialer an anere Spezialisatiounen. Dir wëllt méi doriwwer wëssen? De Materials & Manufacturing Cluster hëlleft iech weider!

MICE

MICE steht fir Meetings, Incentives, Conferences and Exhibitions. Sief et fir geschäftlech, touristesch, institutionell oder akademesch Besoinen, Lëtzebuerg bitt ee grousse Choix un Offeren a fënnt fir jidder Organisateur déi passend Infrastruktur. Zesumme mat enger grousser Unzuel u gudde Restauranten an Hoteller, hu mir dat ideaalt Ëmfeld fir eis als top Kongressdestinatioun ze positionéieren. A mat Hëllef vum Mice Cluster ginn ëmmer weider Iddien an deem Beräich ausgeschafft. Rendez-vous zu Lëtzebuerg!

Maritim

Och wa Lëtzebuerg net um Mier läit, hu mir dach e maritime Secteur virzeweisen, dee stänneg wiisst. Iwwer 200 Schëffer fueren a schaffen ënnert dem Lëtzebuerger Fändel weltwäit. Sëllechen Entreprisen, mat honnerte vun Employéeën, sinn aktiv am Feld vum Transport, Logistik, Finanzen, Assurance, der Berodung … Iwwerrascht? De Lëtzebuerger Maritime Cluster representéiert all dës Secteure schonn zënter méi wéi 10 Joer. Kommt mat u Bord!

Musek

An deene leschte Joren huet sech d’Musekszeen zu Lëtzebuerg enorm weiderentwéckelt: Et ginn ëmmer méi Museksgruppen an och Solo-Kënschtler, déi sech a ganz verschiddene Genren ausprobéieren, an aus hirem Hobby e Beruff maachen.

Si stinn net nëmmen hei am Land op der Bühn, mee och ëmmer méi am Ausland … an doriwwer eraus, bréngen se souguer Grammye mat heem!

Film

An deene leschte Joerzéngten huet Lëtzebuerg eng Pionéierroll am Mediesecteur gespillt.

Och de Filmsecteur entwéckelt sech hautdesdaags rasant. Lëtzebuerger Produktiounen, Regisseuren a Schauspiller fänken un, sech op der internationaler Bühn een Numm ze maachen.

Dat bescht Beispill? En Oscar fir den Animatiounsfilm „Mr. Hublot“ am Joer 2014. Do kommen der bestëmmt nach e puer dobäi!

Agrikultur

Dat halleft Land besteet aus Agrarflächen, een Zeeche fir déi national wirtschaftlech Diversitéit a fir d’Wichtegkeet vum Agrarsecteur fir Land a Leit. Am Guttland ginn haaptsächlech Mais, Kären a Weed op flaache Felder ugebaut, am Éislek muss dogéint op Hiwwelen a Plateauen ugebaut ginn. Genéisst d’Qualitéit vun eise Lëtzebuerger Produiten!

An der selwechter Kollektioun

Satellit
Weltall
Innovatioun
Kreeslafwirtschaft
Fuerschung
Finanzen