Alles Guddes!

Egal fir wéi ee Fest, sief et e Gebuertsdag, eng Hochzäit oder Neijoerschdag, „Alles Guddes“ ass ee Passepartout. Genéisst ären Dag a loosst iech feieren!

Décke Gas

Eng Expressioun fir alles wat iech faszinéiert, äert Häerz sprangen deet, iech iwwerrascht, oder iech den Otem hëlt. Scho bal ee Klassiker, deen een dacks op de Stroossen héiert. A wat fannt dir décke Gas?

Merci

Merci ass een Zauberwuert, mat deem ee vill Diere kann opmaachen. Also denkt un är gutt Kannerstuff, a sot mol méi dacks Merci, et zaubert bestëmmt deem engen oder aneren ee Laachen an d’Gesiicht. Merci!

Moien

Moien ass eent vun deenen éischte Wierder, dat jiddereen hei zu Lëtzebuerg léiert.

Natierlech kann een och déi däitsch Variant „Hallo“ oder déi franséisch „Bonjour“ oder „Salut“ benotzen.

E bëssen Ofwiesslung muss jo och emol sinn. Mee ass Iech schonn opgefall, dass bal zu all Dageszäit just nach „Moien“ gesot gëtt? Dobäi gëtt et dach och nach „Mëtteg“ an „Nowend“. Egal wéi, mir heeschen iech wëllkomm an der Welt vun den Emoxien.

Äddi

Äddi kënnt vum Franséischen „à dieu“, oder besser gesot vu senger Kuerzform „à dé“.

Doraus huet sech dunn dës allsäits bekannte Lëtzebuerger Form entwéckelt. Eng aner, manner genotzte Variant dovunner ass nach „Awar“ oder „Awuer“. Mee elo emol alles mat der Rou, esou wäit si mer nach net! Entdeckt lo mol fir d’éischt nach all eis Emoxien.

Immens

Dir wësst et schonn, „Immens“ ass en Ausdrock vu Begeeschterung.

An ass d’Begeeschterung dobäi „immens“ grouss, dann hutt der och schonn déi zweet Bedeitung vun dësem Wiertchen entdeckt. Mee wësst dir wat wierklech immens zu Lëtzebuerg ass? De Kascht! Also loosst iech de Judd mat Gaardebounen, d’Kniddelen, de Kachkéis oder de Schuedi gutt schmaachen. Hmmmmm!

Mega

Mega grouss ass eist Ländchen net, mee mega cool Saachen, där hu mir genuch. Wat? Ma RTL zum Beispill. RTL huet als kleng Statioun zu Lëtzebuerg ugefaangen an ass lo net nëmme mega grouss, mee och mega international.

RTL Group gëtt et als Radios- an Tëleessender net nëmmen an Europa, mee och an Amerika, Australien, Brasilien, Asien … – an alles huet 1923 hei am klenge Lëtzebuerg ugefaangen. Ass dat net mega?

Tipptopp

Dir wësst et bestëmmt schonn: D’Expressioun „Tipptopp“ ass an deene meeschte Fäll eng Form vun Unerkennung. An deem Sënn: Mir fannen dat tipptopp, dass dir de Wee bis heihi fonnt hutt!

Cool

Cool brauch keng weider Erklärung – et ass ee weltwäit Phenomen an och Lëtzebuerg kënnt net laanscht dëst Wuert, dat sech fest an eisem Vocabulaire verankert huet. Cool, dass dir hei sidd!

Bravo

Sief et am Sport oder an der Kultur, Lëtzebuerg ass a ville Beräicher mat der Nues ganz vir bäi. En Oscar gewannen, e Grammy kréien, un der Biennale deelhuelen, oder eng gutt Figur beim Tour de France ofginn, jo genau dat alles hu mir scho fäerdegbruecht. Mir freeën eis, iwwert all Erfolleg. Bravo Lëtzebuerg!

Go Go Go

Ob beim Nuetsmarathon an der Stad, beim Tour de France oder bei lokale Sportseventer, mir sinn déi gebuere Supporter.

Mir si voller Enthusiasmus dobäi a feieren eis Sportler un. Allez Lëtzebuerg!

Dëlpes

Vernennt een iech als Dëlpessen, ass dat net ëmmer eescht gemengt. Mee opgepasst! Et ass net ëmmer ee léif gemengte Geck.

Tutebatti

Dir hutt bestëmmt och esou een an ärem Ëmkrees: en Tutebatti, een décke Schnëssert, deen Iech dat Blot vum Himmel verzielt.

Elo

Elo ass de Moment, fir Iech déi flott Emoxien erofzelueden an Är Noriichten ze personaliséieren. Vill Spaass dobäi!

Gromperekichelchen

En Zongebriecher fir Auslänner, mee mir loossen eis se op der Zong zergoen. An natierlech sinn der Bomi hir déi Bescht. Op kenger Kiermes dierfen eis traditionell Gromperekichelcher feelen. Nach ee Flapp Äppelkompott dobäi an se sinn nach besser. Hmmm!

%#*?!

Erstaunt? Verwonnert? Perplex? Z. B. doriwwer, dass mir elo an de Weltall wëllen? Heiansdo huet een einfach keng Wierder méi. Mee kee Grond fir ze verzweifelen, benotzt dësen international unerkannten Ausdrock, fir Ären Emotioune fräie Laf ze loossen.

An der selwechter Kollektioun

Alles Guddes!
Décke Gas
Merci
Moien
Äddi
Immens