Moien

Moien ass eent vun deenen éischte Wierder, dat jiddereen hei zu Lëtzebuerg léiert.

Natierlech kann een och déi däitsch Variant „Hallo“ oder déi franséisch „Bonjour“ oder „Salut“ benotzen.

E bëssen Ofwiesslung muss jo och emol sinn. Mee ass Iech schonn opgefall, dass bal zu all Dageszäit just nach „Moien“ gesot gëtt? Dobäi gëtt et dach och nach „Mëtteg“ an „Nowend“. Egal wéi, mir heeschen iech wëllkomm an der Welt vun den Emoxien.

Äddi

Äddi kënnt vum Franséischen „à dieu“, oder besser gesot vu senger Kuerzform „à dé“.

Doraus huet sech dunn dës allsäits bekannte Lëtzebuerger Form entwéckelt. Eng aner, manner genotzte Variant dovunner ass nach „Awar“ oder „Awuer“. Mee elo emol alles mat der Rou, esou wäit si mer nach net! Entdeckt lo mol fir d’éischt nach all eis Emoxien.

Bravo

Mir sinn net einfach ze begeeschteren, mee wa mer bis iwwerzeegt sinn, da leeë mer richteg lass!

Weltall

2017 huet d’Regierung bekannt ginn, dass Lëtzebuerg sech am Space mining engagéiere wäert.

Erstaunlech jo, mee firwat och net? Mir sinn ëmmer nees bereet eis, zesumme mat eise Partner, neien Erausfuerderungen ze stellen an déi och ze meeschteren.

Mir gräifen no de Stären!

Innovatioun

Fortschrëtt kann net gestoppt ginn, mee e kënnt och net vum selwen.

Lëtzebuerg verbënnt sech ëmmer nees mat europäesche Partner fir Innovatiounen an den Entrepreneursgeescht systematesch ze promouvéieren, an dat duerch Investissementer déi souwuel vun der Regierung wéi och vun der Privatwirtschaft gedroe ginn.

Ganz nom Motto: Zesumme méi wäit!

Erneierbar Energien

Wann et ëm erneierbar Energië geet, mécht Lëtzebuerg aktuell enorm Efforten, fir eis Energiereserve méi nohalteg ze gestalten. D’Wandkraaft spillt dobäi eng Haaptroll, mee net nëmmen.

Zousätzlech zu de Wandparken, déi fir de Moment schonn a Betrib sinn, sinn der och schonn eng ganz Rëtsch am Bau, respektiv an der Planung.

Méisproochegkeet

Lëtzebuerg zeechent sech duerch d’Méisproochegkeet aus, Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch sinn déi offiziell Sprooche vum Land, an Englesch gëtt an all de Schoulen enseignéiert.

Mee dat sinn nach laang net all d’Sproochen, déi hei geschwat ginn, Portugisesch, Spuenesch, Italienesch, asw. kommen och nach dobäi. Den Duerchschnëttsawunner schwätzt ronn 3,6 Sproochen. Ass dat net mega?

Hämmelsmarsch

Den traditionellen Hämmelsmarsch gouf vu lokale Museksveräiner an den Duerfstroosse gespillt, fir d’Awunner op d’Kiermes ze invitéieren. Haut ass den Hämmelsmarsch eng flott Geleeënheet fir de lokalen Orchester mat e puer Su ze ënnerstëtzen. Mee firwat den Hammel? Fréier goufen se als Gewënn um Maart verspillt an hu Reklamm dofir gemaach. Dëser Deeg gesäit een se just nach ganz seelen um Maart, a gewanne kann ee se och net méi.

Freedefeier

Mir loossen et gäre knuppen. Dat schéinste Freedefeier ass awer sécherlech dat um Virowend vun Nationalfeierdag.

Eng ganz Natioun, déi de Gebuertsdag vun hirem Grand-Duc oder der Grande-Duchesse feiert … och wa si net den 23. Juni gebuer gi sinn. Egal! Vive de Grand-Duc! Vive d’Grande-Duchesse!

Wieder

Gutt ass d’Wieder hei leider net ëmmer, mee wann d’Sonn erauskënnt, dann ass zu Lëtzebuerg eng méi lass: D’Terrasse si voll, Parke si gutt besicht, Kanner sinn op de Spillplazen. Genéisst et!

Béier

Och wa vill Leit Lëtzebuerg net direkt mam Béier verbannen, esou hu mir awer sou munches ze bidden.

Nieft dem traditionellen Humpen, gëtt och de Craft-Béier vu Mikrobrauereien ëmmer méi beléift.

Net nëmmen a punkto Goût a Qualitéit kënne mir mat deene Grousse mathalen. Dat wëssen och eis Noperen, net fir näischt exportéiere mir dat gëllent Gesëffs och an d’Belsch oder an Däitschland.

Mee wousst der, dass eise Béier souguer bis a China geliwwert gëtt? Ee Mini w.e.g!

Crémant

Zanter 1991 ass de Crémant déi Lëtzebuerger Äntwert op de franséische Schampes.

Grad esou wéi bei der méthode champenoise, ginn och hei vun Hand geliesen Drauwe benotzt an an der Fläsch fermentéiert. Iwwregens ass Lëtzebuerg een vun deenen eenzegen Länner ausserhalb vu Frankräich, wat d’Appellatioun Crémant benotzen däerf.

An dëser Éier gi mir méi wéi gerecht. De Lëtzebuerger Crémant iwwerzeegt ëmmer nees d’Jurye bei internationale Concoursen.

Dobäi ass och hei am Land all Occasioun gutt, fir mat Crémant unzestoussen! Prost!

Wäin

Riesling, Pinot Gris, Pinot Blanc, Chardonnay, Auxerrois, Rivaner, Elbling, Gewürztraminer a Pinot Noir – dat sinn déi Haaptdrauwenzorten, déi zu Lëtzebuerg ugebaut ginn, haaptsächlech laanscht d’Musel.

Zënter datt d’Réimer déi éischt Riewen hei am Land ugebaut hunn, huet sech eng reegelrecht Wäikultur entwéckelt, mat Degustatiounen, Wäifester an all Zorte Fester.

Et trëfft ee sech gär op der Musel, op e Pättche Wäin – oder och emol zwee!

Gromperekichelchen

En Zongebriecher fir Auslänner, mee mir loossen eis se op der Zong zergoen. An natierlech sinn der Bomi hir déi Bescht. Op kenger Kiermes dierfen eis traditionell Gromperekichelcher feelen. Nach ee Flapp Äppelkompott dobäi an se sinn nach besser. Hmmm!

Fliger

Lëtzebuerg huet e gutt vernetzten internationale Fluchhafen, dee méi ewéi 70 Destinatioune mat direkte Passagéiervollen uflitt.

Dank eiser zentraler Lag kann ee mam Fliger a manner ewéi 2 Stonne bal iwwerall an Europa sinn. Maach emol een eis dat no! Mat duerchschnëttlech méi ewéi 800 Flich an der Woch ass de „Findel“ eng richteg Dréischeif fir Reesen, mee awer och gläichzäiteg fir Cargoverkéier.

Sou ass et, datt zu Lëtzebuerg eng vun deene gréisste Cargo-Fluchgesellschafte weltwäit ugesidelt ass.

Vu Päerd bis hin zu Giraffen, vu frësche Mangoe bis hin zu wäertvollen Artikelen, vu Lëtzebuerg aus gi Wueren an déi ganz Welt transportéiert.

Tram

Eenzel Lëtzebuerger erënneren sech nach un deen alen Tram dee vun 1875 bis 1964 an der Stad gefuer ass.

Haut hu mir e fonkelneien a modernen Tram, deen elo scho mat groussem Erfolleg fiert.

An dat och nach elektresch.

Wéinst dem konstante Bevëlkerungszouwuess an dem Besoin fir méi Mobilitéit zu Lëtzebuerg, wäert déi nei Tramslinn déi verschidden Aktivitéitszone vun der Stad mat multimodale Dréipunkte verbannen.

Klammt eran!

Verléift

„Ech hunn dech gär“: ass iech schonn opgefall, dass mir an eiser Sprooch kee Verb hunn, fir dëst Gefill auszedrécken? Lieben, aimer, to love, amar – dat sinn alles Verben. Firwat mir do eng Ausnahm sinn? Gutt Fro!

Ballon

Iwwerall op der Welt sinn d’Leit faszinéiert vum Fléien, do si mir Lëtzebuerger keng Ausnam. Dës Begeeschterung kann een all zwee Joer um Luxembourg Balloon Trophy gesinn, eng international Competitioun an en aussergewéinlecht Event fir all Visiteur. 2018 krut Lëtzebuerg säi ganz eegene Ballon, LX-BLX, deen un nationalen an internationale Competitounen deelhëlt. Haalt är Aen op.

Bei

Beie sammele fläisseg den Nektar an de Felder, de Bëscher an an de Wisen, fir leckeren Hunneg ze produzéieren. Wa se vun enger Planz bei déi nächst fléien, verdeelen se d’Pollen a spille sou eng wichteg Roll an eisem ekologesche System: Keng Beien, keng Planzen. Dat sinn also op d’mannst zwee gutt Grënn, fir d’Beien ze schützen. A firwat net selwer Beien halen? D’Beienziichterei gëtt zu Lëtzebuerg, grad wéi an aneren europäesche Länner, ëmmer méi beléift an dat souguer an der Haaptstad. Huelt Iech een Häerz fir d’Beien!

Funiculaire

D’Stad ass net grad flaach, dowéinst ass de Funiculaire déi perfekt Léisung an der urbaner Mobilitéit. Zënter 2017 verbënnt de Funiculaire d’Gare am Pafendall mam Tram um Kierchbierg. Dës nei Infrastruktur spillt eng Schlësselroll am neie Mobilitéitskonzept. De Funiculaire muss 40 Héichtemeteren iwwerwannen. Och wann der sportlech sidd, déi wéilt der net all Dag zu Fouss eropkloteren, oder? Mam Funiculaire braucht der nëmmen 63 Sekonne bis erop, an dat ouni naassgeschweesst ze sinn!

An der selwechter Kollektioun

Moien
Äddi
Weltall
Innovatioun
Erneierbar Energien
Méisproochegkeet